Sot emol
Rosalie Maes: "Eng Theaterfamill"
51 min
Wéi ass d'Liewen an enger Famill, wou d'Elteren allebéid Kënschtler sinn? Dat ass eng Situatioun, déi der Rosalie Maes net friem ass. Well genee dat ass nämlech bei hir de Fall, d'Rosalie Maes ass Duechter vun der Regisseurin, Bünebildnerin a Molerin Eva Paulin a vum Acteur, Auteur a Metteur en scène Jean Paul Maes. An am Fong ass e Familljeliewen, wou béid Elterendeeler Kënschtlerin sinn, dat normaalst, dat et gëtt, well si jo ni eppes aneschters gewinnt war.
D'Familljeliewe war wéi iwwerall, vläicht just, datt si eben scho fréi Kontakt zum Theater hat, mee si koum éischter iwwer den "normale" Wee bei den Theater. An der Schoul huet si bei Stécker matgemaach a wärend der Lycéeszäit huet si am Conservatoire Dictioun an Art dramatique gemaach. Lues a lues huet sech bei der Rosalie Maes d'Verlaangen nom Beruff vun der Actrice entwéckelt, a si huet dunn hir Formatioun op der Schauspillschoul zu Mainz gemaach.