Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Des oeillets pour la révolution

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Steven Pitman: "En Hommage un den Elvis Presley"

Steven Pitman: "En Hommage un den Elvis Presley"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Elvis Presley gehéiert ouni Zweiwel zu deene Kënschtler déi d'Musekswelt am meeschte markéiert hunn a mat iwwer enger Milliarde verkaaften Disken, ass hien och de Solokënschtler mam wuel gréisste Succès vun allen Zäiten. Beim Elvis gëtt och gäre vum King of Rock'n'Roll geschwat. Natierlech huet esou e Kënschtler wéi den Elvis Presley ganz vill Adepten, Mënschen op der ganzer Welt, déi e bewonneren an dat bei Jonk an Al an och an queesch duerch d'Gesellschaft. An e groussen Adept vum Elvis Presley ass den Invité an der Emissioun "Sot emol": de Steven Pitman.

De Steven Pitman hat deen éischte Kontakt mam Elvis Presley den Dag vu sengem Doud, den 16 August 1977. Hien hat deemools zwielef Joer an op emol koum déi Nouvelle am Radio.


"Mir hunn um Buedem gesiess a Kaarte gespillt. Mäi Papp, ech an eng vu menge Schwësteren an do koum déi Meldung, mäi Papp opgesprongen, de Radio méi haart gemaach, meng Mamm geruff. Bis dohinner war mer guer net bewosst wien den Elvis ass. Jo, a vun deem Dag un hunn ech mech dann ugefaangen ze intresséieren."


An aus dem Intressi ass dunn eng Passioun ginn, a Joren dono koum dann duerch Zoufall och nach d'Sangen derbäi. Ugangs als Hobby, mee et ass esou gutt ukomm datt et lues a lues méi grouss ginn ass, bis eben zum professionellen "Elvis-Interpret".

De Elvis huet ëm déi 700 Lidder interpretéiert, an de Steven Pitman huet der ronn 250 an sengem Repertoire. Mee éier hien e Lidd op der Bün séngt, heescht et dru schaffen.


"Ech sangen och net gären an enger anerer Tounaart wéi den Elvis, ech probéiere wann et nëmme geet an der selwechter Tounaart ze sangen. Awer et ginn och Titele wou ech mech einfach erun trauen an dann och net live sangen, well ech weess, dat kléngt dann einfach net wéi Elvis."


Fir den Steven Pitmann ass am Fong all Concert eng Zort Hommage un den Elvis Presley, déi wéi gesot d'Musekswelt wéi kaum en aneren markéiert huet. Am Oktober 2022 organiséiert den Steven Pitman och en "Elvis-Festival" mat de beschten Elvis-Interpreten déi et gëtt. Méin Informatiounen fannt der op: http://www.elvis-weekend.lu

Politik a Gesellschaft

Episoden

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Mueker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Museker an Museksprofesser am Escher Conservatoire war nom Fred Hales vun 2007 bis 2015 Chef vun der Brass Band an huet duerno weider de Solo Cornet gespillt.
headphones

56 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

D'Isabelle Braun-Dominicy ass Pianist an Enseignante fir Solfége. Aktuell ass si Professorin um Escher Conservatoire, wou si nieft de Coursen och de Jugendchouer dirigéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra a senge véier Bouwen a Schweden ausgewandert.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

56 min

play_arrow
Dominique Santana: Konscht a Geschicht | © Jean-Claude Majerus

Dominique Santana: Konscht a Geschicht

D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow

Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow