Sot emol
Damien Klein: "E Plat muss schmaachen"
55 min
Den Damien Klein ass 1980 gebuer, an e Spëtzekach vun der jonker Generatioun. D'Technik vum Kachen huet hie bei ganz Grousse geléiert, notamment beim Paul Bocuse, Harald Wohlfahrt oder beim Alain Ducasse. No e sëllegen Auszeechnungen huet hien an Tëschenzäit säin eegene Stil duerchgesat. Seng Kichen ass eng nei Interpretatioun vun der klassescher Kichen op eng modern Manéier, à la sauce Damien Klein, eben.
An der Emissioun "Sot Emol" schwätzt hien iwwer Kachen am Allgemengen, wou hie seng Inspiratioun fënnt, wie seng Virbiller sinn, an doriwwer wéi ee Platen zerwéiert déi lokal a saisonal sinn.