Sot emol
Yuki: Op de Buedem vun den Tatsaachen zeréck"
56 min
D'Yuki ass no enger Separatioun an eng Aarmutsspiral geroden. Déi geléiert Paysagistin konnt dee Beruff mat engem klenge Kand net méi ausüben, huet dowéinst ee Studium ugefaangen a war bal fäerdeg, wéi hire Partner a Papp vun hirem Kand si virun engem Joer onerwaart verlooss huet. Well hie weder fir si nach fir hir Duechter opkoum, huet fir d'Yuki een Horror-Alldag ugefaangen. Hëllef krut si bei der Croix-Rouge, déi e Programm vu Servicer ubitt fir Mënschen ze hëllefen.
Zu Lëtzebuerg sinn den Ament statistesch gesinn, laut Eurostat, 22 Prozent vun de Stéit mat Kanner vum Aarmutsrisiko betraff. An der Haaptsaach sinn et elengerzéiend Fraen.
A wéi wäit kann ee sech dann iwwerhaapt als Fra fillen? Gläichstellung ass och eng sozial Fro. A wéi wäit kann ee vu Gläichstellung schwätzen, esoulaang wéi Fraen ekonomesch net onofhängeg sinn? Wéi lieft et sech als elengerzéiend Mamm an enger sougenannter prekärer Situatioun? Wat denkt een an deem Fall iwwer Gläichstellung, Gender Pay Gap, Fraerechter a Fraequot, wann een Dag an Dag aus kämpft fir ze iwwerliewen a seng Kanner kënnen ze ernären?
Scho viru méi wéi 100 Joer koumen éischt Virleefer vu Protestaktiounen op. Och wa scho villes erreecht gouf: Frae sinn nach laang net an alle Beräicher gläichberechtegt a gläichwäerteg unerkannt.