Sot emol
Mathieu Schiltz
53 min
Den 28. Mäerz steet e ganz spezielle Concert op der Affiche vum Trifolion: déi mongolesch Formatioun "Khusugtun" ronderëm de Keelkappsänger Batzorig Vaanchig. Si promouvéieren d'Musek an d'Kultur aus der Mongolei op der ganzer Welt.
Invité beim Jean Claude Majerus ass de Matthieu Schiltz, dee selwer jorelaang an der Mongolei, grad ewéi a China gelieft huet. Hien huet selwer Keelkappgesang geléiert an huet ënner anerem a China Philosophie studéiert a sech an engem Klouschter an déi chineesesch Kampfstportkonscht aféiere gelooss.