Sot emol
Noémie Sunnen: "Opginn ass keng Optioun fir mech"
56 min
Den 28. Februar ass de Rare Disease Day, en Dag, op deem op ville Plazen uechtert Welt u Mënsche mat rare Krankheete geduecht gëtt, an op deem op d'Recherche am Kontext vun de rare Krankheeten opmierksam gemaach gëtt, well et geet do ëm 300 Millioune Mënsche weltwäit.
Invitée beim Jean Claude Majerus ass d'Noémie Sunnen, Mamm vu véier Kanner, ausgebilte Sängerin, Musekstherapeutin, Léierin, Dirigentin a Komponistin.
Zanter aacht Joer huet d'Noémie Sunnen déi neuromuskulär Krankheet ALS, Amyotrophe Lateralsklerose. Et ass eng Krankheet, bei där lues a lues all Muskel vum Kierper schwaach a geläämt gëtt, bis ee sou ze soen a sengem eegene Kierper agespaart ass. D'Noémie Sunnen huet sech awer ni goe gelooss. Opgi war ni eng Optioun a si seet selwer: "Et soll een, och wann een eng rar an onheelbar Krankheet huet, trotzdeem versichen dat bescht draus ze maachen, all Dag ze genéissen, esou gutt et geet."
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.