Sot emol
Dr Germain Wagner: "Resilienz ass e schéint Wuert"
52 min
"A Bas bruit" erzielt d'Geschicht vum Jean-Nicolas Charron, deen op engem extrem kriteschen Punkt a sengem Liewen ukomm ass: Dee Moment, wou hie genee deen Alter kritt, wou säi Papp gestuerwen ass. Dat bréngt eng grouss existenziell Angscht mat sech.
Méi dacks wéi soss passéiert hien am Laf vun engem Joer um Kierfecht, wou seng Eltere begruewe sinn. Hie kuckt no hannen a stellt sech vill Froen, déi hie bis ewell verdrängt hat, an déi hie säi ganzt Liewen laang verfollegt hunn.
Hie versicht Äntwerten ze fannen op Saachen, déi hien ni esou richteg verschafft huet. Esou fänkt e laange Wee zeréck no hannen un, wou hien a seng Kandheet kuckt, mee och a seng Jugend an an déi Zäit, wou hien ugefaangen huet mat Schaffen. Eng Zäit, déi an der Haaptsaach duerch d'Alkoholsucht vu senger Mamm markéiert ass an hien gekennzeechent huet.
Déi Erënnerungen hunn déif Spueren a Wonnen hannerlooss, an eng Hellewull vun Gefiller wéi Roserei, Enttäuschung, Muechtlosegkeet, Schold a Schimmt.
Mat ëmmer nees der Fro vum Verstoen: Wisou huet seng mam gedronk, a wéi wäit hätt hien oder seng Famill d'Vergaangenheet verännere kënnen?
D'Geschicht vum Dokter Charron adresséiert sech u ganz verschidde Leit. Persounen, déi selwer süchteg sinn, Mënschen, déi mat engem Alkoholiker oder enger Persoun mat soss enger Sucht zesumme liewen, Mënschen, deenen eppes Schlëmmes am Liewen passéiert ass, an déi net wëssen, wéi domadder eens ze ginn. Persounen, där hir Vergaangenheet hir Zukunft esou beaflosst, datt si guer keng Zukunft méi hunn.
Mam eegene Beispill erkläert den Auteur, wat hien um eegenen Leif erlieft huet, a wéi de Wee dohinner gefouert huet fir sech alles vun der Séil ze schreiwen. Sujete sinn deemno Opschaffen a Resilienz.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.