Sot emol
Henri Juda: "E Liewen an der Erënnerung"
48 min
Wärend seng zwou Groussmammen dem Holocaust zum Affer gefall sinn, huet seng Mamm Auschwitz iwwerlieft. Säi Papp konnt wärend de Krichsjore bei enger couragéierter Bauerefamill zu Beefort verstoppt ginn.
Dat huet den Henri Juda gepräägt.
Seng Jugend huet hien zu Iechternach verbruecht. Hien huet Journalismus studéiert an ass iwwer Ëmweeër an de Bankesecteur geklommen, wou hien zum Publicitéitsmanager bei der BIL an dunn an d'Investissementsberodung gewiesselt ass.
Hien huet vill Joren an der Schwäiz verbruecht. Och a senger Pensioun ass hien nach ëmmer als Assetmanager aktiv. Virun e puer Joer huet seng richteg Vocatioun hien iwwerwältegt, d'Konfrontatioun mat senger Familljegeschicht an dem Schicksal vun de Judden zu Lëtzebuerg virum, wärend an nom Zweete Weltkrich.
Den Henri Juda ass Grënnungspresident vu MemoShoah an huet bis elo méi wéi 50 Konferenzen a Schoulen a Kulturzentrume gehalen. Do geet et ëm wirtschaftlechen Opstig, Feindschaften a Verrot, Ausgrenzung, Verdreiwung, Deportatioun an Ermordung, souwéi dem Versuch, an der Nokrichs-Gesellschaft en neit Liewen opzebauen, an der Reconciliatioun an am Vergiessen, wou och d'Verdrängen am Mëttelpunkt stoung.
An Däitschland gouf den Henri Juda mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent fir säi grenziwwerschreidenden Engagement.
Seng Léift gëllt, wéi hie seet, der Natur, senger Fra, sengen zwee Meedercher a senge véier Enkelkanner.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.