Am Fong
Spagat tëschent Schoul a Beruffswelt
54 min
All Kand a jonk Persoun huet d'Recht op eng perséinlech Betreiung fir seng Kompetenzen ze entwéckelen a sech voll ze entfalen. Eng vun de Prioritéite vun der Lëtzebuerger Regierung ass et, datt Kanner a Jugendlecher mat spezielle Besoinen Zougang zum reguläre Schoulsystem an zur Kannerbetreiung hunn. Donieft sollt hir Participatioun u Jugendaktivitéite garantéiert sinn, esouwäit d'Inklusioun méiglech a vun den Elteren erwënscht ass.
Zu Lëtzebuerg läit de Prozentsaz vun de Studenten, déi spezialiséiert Zentere besichen, manner wéi bei engem Prozent, wat op eng héich Inklusiounsquot hiweist.
Wéi hëlt een e Kand oder eng jonk Persoun en charge, déi spezifesch Besoinen huet? Zum Beispill iwwer d'ESEB, équipe de soutien des élèves à besoins spécifiques.
Rieds geet am Fong iwwer de Spagat tëschent der Schoul an dem Beruffsliewen. Donieft geet de Sascha Lang op den Detail vun de Sensibiliséierungswoche vun der Gemeng Lëtzebuerg zum Theema Behënnerung an.
Moderatioun: Natasha Ehrmann