Am Fong
Wikipedia op Lëtzebuergesch
55 min
All Persoun, déi een Zougang zum Internet huet, kennt warscheinlech Wikipedia - déi weltwäit Enzyklopedie. 2001 gegrënnt, bitt de Portal Zougang zu enger Welt voller Wëssen. Eng Abberzuel vun Theeme ginn all Dag behandelt an erkläert. Artikelen, déi an 300 Sprooche verfaasst sinn.
2004 ass fir d'éischte Kéier een Artikel op Lëtzebuergesch online gaangen. De Sujet war d'Konzept an d'Geschicht vu Wikipedia. Haut wiisst d'Zuel vun de Artikelen exponentiell, an ëmmer méi Mënsche schreiwe Contenu op Lëtzebuergesch. Op fräiwëlleger Basis ka jiddweree säi Wësse matdeelen an esouguer Artikele vun anere Persoune verbesseren. Alleguerten d'Bäiträg stinn ënner enger sougenannter "Creative Common License", déi et erlaabt, datt jiddwereen Zougrëff op Daten huet, se verbesseren, kopéieren a benotze kann. Eenzeg Bedéngung ass, datt ee seng Sourcen ugëtt vun deem, wat ee schreift.
Wikipedia Lëtzebuerg huet keng professionell Redaktioun, déi d'Säit geréiert. Zil ass nämlech, datt alleguerten d'Usere sech géigesäiteg verbesseren an ergänzen.
Mee et gëtt eng ASBL: Wikimedia Lëtzebuerg. Hiert Zil ass et, d'Verbreedung vu fräiem Wëssen allgemeng ze fërderen an iwwerdeems iwwer d'Aktivitéite vu Wikimedia-Projeten zu Lëtzebuerg ze sensibiliséieren. Zum Beispill iwwer d'Matschaffe bei Wikipedia op Lëtzebuergesch, oder Diskussiounen ronderëm d'Autorerecht.
Wie sinn dës engagéiert Wikipedianer? Wéi hu si zesummefonnt? Wat steet genee op der lëtzebuergescher Wikipedia Säit? Wat ass hire Succès? Wat brauch d'Säit, fir nach méi ze wuessen?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat dräi Vertrieder vun der ASBL: Marc Espen, Jean-Louis Gindt a Gilles Peter.