Am Fong
Gläichstellung am Sport: Eraus aus dem Abseits!
56 min
De Statec huet eng nei Etüd iwwer Lëtzebuerger Sportsveräiner publizéiert. Dorausser geet ervir, datt just 18 Prozent vun den ugestallte Persoune Frae sinn. De Sport bleift also weiderhin e männlechen Domän. Nëmme 16 Prozent vun den Trainerposte si vu Frae besat. Deen Taux fält op 15 Prozent bei Athleeten, klëmmt awer op 48 Prozent fir administrativ Posten.
Fussball, Tennis, Handball a Basketball beschäftegen déi meeschte Persounen. Zesumme stellen dës véier Sportaarten zwee Drëttel vun der Beschäftegung an de Sportsveräiner zu Lëtzebuerg duer.
Dem Statec no ass dës männlech Dominanz doduerch bedéngt, datt d'Majoritéit vun den aktive Membere Männer sinn. An de Lëtzebuerger Veräiner si 76.917 Männer géint nëmme 27.846 Fraen.
Am Benevolat ass d'Situatioun déi nämmlecht. 2021 waren zum Beispill 14.578 Fräiwëlleger an de Veräiner aktiv, dovunner 5.209 Fraen, ëmgerechent sinn dat 36 Prozent.
Deen Internationalen Olympesche Comité (IOC) huet sech dozou engagéiert d'Promotioun vu Fraen am Sport op allen Niveauen an an alle Strukturen ze encouragéieren an ze ënnerstëtzen, mam Zil de Prinzip vun der Gläichheet tëschent Männer a Fraen ëmzesetzen. Awer stellt ee fest, datt Sportlerinnen nach ëmmer net déi selwecht Plaz wéi Männer besetzen, an datt si nach ëmmer Affer vu Virurteeler sinn.
Hei am Land huet Esch als éischt Stad am Land eng Charta an d'Liewe geruff fir Promotioun fir Gläichstellung am Sport ze maachen an iwwerdeems de Fraesport ze ënnerstëtzen.
Frae begéinen op hirem sportleche Parcours villen Hindernisser, bedéngt duerch sexistesch Stereotyppen, déi net en Faveur vun der Gläichstellung sinn. Wichteg ass weiderhin iwwer de Sujet ze sensibiliséieren, an alleguer d'Acteuren mat anzebannen. Parallel besteet nach Loft no uewen am Ëmdenken.
Firwat soll e Meedchen net kënne Boxen an e Jong danzen? Déi sexistesch Virurteeler, datt e Jong viril muss sinn an e Meedchen éischter verféiert, sinn net favorabel fir Gläichheet. Och d'Gemengen an ëffentlech Instanzen hunn eng wichteg Roll ze spillen, fir d'Gläichberechtegung am Sport ze fërderen.
Wourunner feelt et genee? Wat ass de Constat vun enger rezenter Etüd iwwer d'Sportsveräiner hei am Land? Wat huet et mat der Egalitéitscharta vun Esch op sech?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat der Invitée Joëlle Letsch, der fréierer Presidentin vum Fraerot.
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)