Am Fong
Mobbing an der Schoul
55 min
All Dag ginn am Schnëtt sechs Schüler pro Lycée aus verschiddene Grënn bei de schoul-psychologesche Service SePAS. Mobbing steet op der véierter Plaz vun de Consultatiounen. Dat geet aus enger rezenter Ëmfro vum CePAS, dem psycho-sozialen Zenter, bei de verschiddene SePASen ervir.
Wat soll a muss e Psycholog maachen? Muss d'Direktioun d'Elteren informéiert an d'Police ruffen?
Grad gëtt un engem Kader geschafft, fir datt all d'Schoul weess, wat se muss, wat se dierf a wat se soll maachen, fir ze hëllefen. Parallel huet den Educatiounsministère d'Campagne ''Exit Mobbing'' lancéiert. Dës riicht sech u Lycée-Schüler an hir Elteren an huet als Zil ze sensibiliséieren an ze informéieren.
E fënnef Etappe-Plang definéiert d'Preventioun an d'Reaktioun op Mobbing a soll bewierken, datt Affer sech trauen Hëllef ze froen.
Wéi a wéini gëtt en ëmgesat? Wat sinn eigentlech Unzeeche vu Mobbing? Wéi gëtt ee Mobber oder Affer? Wat mécht Mobbing mat engem jonke Mënsch? Wat kënnen Enseignanten, Elteren a Schüler maachen?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat Claire Russon, Attachée à la direction am CePAS a Kevin Veiga, deen iwwer seng Experienz als gemobbte Persoun schwätzt..