Am Fong
INFPC: en ëffentleche Service am Déngscht vum Lifelong-learning
56 min
Den Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue (INFPC) huet 30 Joer. Fir dat ze feieren offréiert den Institut sengem Portal en neie Look. lifelong-learning.lu kritt nämlech 20 Joer a weist sech elo an enger neier, optimiséierter Versioun, mat engem vereinfachten Zougang zur Offer souwéi zu allen Informatiounen ronderëm den Demarchen.
Fir an enger Welt vu rapide Changementer de Besoine vun Employéen a Salariéë gerecht ze ginn, bitt den INFPC jonken an erwuessene Persounen eng Hellewull Formatiounen, fir si berufflech ze ënnerstëtzen, mam But eng zertifiéiert Qualifikatioun ze kréien.
Ob am Dag, an Owescoursen, de Weekend oder à distance, lifelong-learning.lu bitt iwwer 12.000 Formatiounen aus allen ekonomeschen Secteuren, jee no Besoin an Erwaardung.
Wat mécht de Succès vum Portal aus? Wat gëtt genee ugebueden? Wien hëlt u wat fir enge Formatiounen deel?
Am Fong geet dem Sujet an de Froen op de Fong. Am Studio sinn d'Anne Oswald, Responsabel vu lifelonglearning.lu an d'Cathia Gromczyk, Responsabel fir d'Kommunikatioun beim INFPC. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.