Am Fong
Seniors For Climate Luxembourg: Am Kampf géint d'Klimakris
55 min
Dir kennt sécherlech eng Hellewull jonk Leit déi sech engagéieren a géint de Klimawandel militéieren. Mee sidd dir schonns Klima Seniore begéint?
Seniors For Climate Luxembourg ass ee klénge Mouvement mat grousse Revendicatiounen. Déi jonk Organisatioun ass ënnert dem Impuls vu Greenpeace entstane virun engem Joer. Bis haut zielt Seniors For Climate Luxembourg eng ronn 12 Memberen déi alleguerten iwwer 50 Joer al sinn. An der Haaptsaach ass de Klimawandel a méi spezifesch d'Äerderwiermung e Sujet fir deen si sech engagéieren. Déi domadder verbonne Konsequenzen an d'Auswierkungen op d'Gesondheet sinn d'Grënn woufir d'Senioren sech asetzen.
De leschte Mëttwoch sinn d'Membere vun de Seniors For Climate Luxembourg op Stroossbuerg gereest fir virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ze demonstréieren. Als Solidaritéit hire Schwäizer Kolleege géintiwwer, déi sougenannte KlimaSeniorinnen déi eng Plainte géint hir Regierung agereecht hunn wéinst engem Manktem un Klimaschutz.
Wat motivéiert d'Memberen? Wéi sinn si opgestallt? Wat sinn hir Revendicatiounen?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.