Am Fong
Inclusioun: Lobbyismus an Aktivismus
55 min
''Wien Inclusioun wëll, fënnt Weeër, wien se net well fënnt Ausrieden.'' Dat ass een Zitat vum Raul Krauthausen. Hien ass Aktivist, Moderator, Journalist, an den Auteur vum Spiegel Bestseller Buch mam nämmlechten Titel.
De Raul Krauthausen, dee sech sech zanter 2006 fir Inclusioun a Barrièrefräiheet asetzt, seet dass Barrièren net an de Käpp vun de Leit musse verschwannen, mee dass Inclusioun ee fundamentaalt Recht ass, esou wéi et an der UN Behënnerterechtskonventioun steet. Dofir militéiert de Raul Krauthausen. Genee esou wéi de Journalist an Aktivist Ottmar Miles-Paul, deen zanter iwwer 30 Joer an der Behënnertebeweegung engagéiert ass. An Amerika huet hien iwwer de Kontakt mat der Behënnertepolitik Impulser kritt fir e neit Konzept vu Gläichstellung vu Mënschen ze importéieren.
Wat bedeit Aktivismus fir Inclusioun? Gëtt et eng Behënnertenbeweegungsszen zu Lëtzebuerg? Wien militéiert a fir wat ze bewierken ?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. Donieft diskutéiere mir viru wat fir engen Erausfuerderunge Mënsche mat Behënnerung stinn.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.