Am Fong
Accès zu Bildung an ongläiche Gesellschaften
55 min
An de pedagogesche Konzepter fir Strukturen an der non-formaler Bildung (Dagesmammen, Crèchen, Maison Relaisen, Jugendhaiser) wéi och a Strukturen an der Aide à l'enfance, spillt de Sujet vun der Chancëgerechtegkeet eng grouss Roll.
Wat bedeiten dës Inegalitéiten, wat sinn d' Konsequenzen fir déi pedagogesch Praxis? Wat brauche Kanner a Jonker mat Bezuch op hiert Léierpersonal? Wéi sollt d'Relatioun tëschent den Elteren respektiv de Famillen ausgesinn?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.