Am Fong
Bloe Mäerz - Preventioun géint Daarmkriibs
56 min
An Europa kréien all Joer eng 341.000 Mënschen d'Diagnos Daarmkriibs. Zu Lëtzebuerg ass all zweete Kriibs Daarmkriibs, an d'Zuele klammen
Daarmkriibs ass eng Krankheet déi sech lues entwéckelt, dacks ouni Péng a Symptomer. Wann e fréi detektéiert gëtt ass en an Néng op Zéng Fäll heelbar. Dowéinst setzt d'Santé op Preventioun an Depistage, mat engem Fréierkennungsprogramm. 150.000 Invitatioune sinn u Fraen a Männer geschéckt ginn, tëschent 55 a 74 Joer, déi zu Lëtzebuerg kranke verséchert sinn. Eng Invitatioun, iwwer déi een en Detektiouns-Kit bestelle kann, fir doheem een Test ze maachen. Nach wier de Participatiounstaux laut der Santé ze niddreg. Am Fong weist haut op d'Wichtegkeet vun dësem Programm hin.
Wat genee ass Daarmkriibs? Wisou kann ee preventiv dogéint ugoen? Wisou ass den Depistage wichteg?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong.