Am Fong
opus 100,7 - dem radio 100,7 seng Schwësterchen
57 min
Haut ass d'Gebuert vun opus 100,7, dem Schwësterprogramm vum radio 100,7. Mam opus 100,7 kritt déi lieweg, aktiv a produktiv Musekszeen zu Lëtzebuerg en neit Doheem.
Online ze empfänken, bitt opus100,7 nieft klassescher Musek ronderëm d'Auer, all d'Klassik-Emissiounen aus dem radio 100,7 Programm, wéi zum Beispill Resonanzen, Musek am Gespréich oder d'Concerten.
Wat verstoppt sech hanner dem Numm opus 100,7? Wéi belieft opus 100,7 déi scho professionaliséiert Klassik Zeen zu Lëtzebuerg? Aus wat fir enger Iddi ass e gebuer? Wou kann een e lauschteren?
Am Fong geet deene Froen op de Fong. De Papp vum radio 100,7 senger Schwëster, de Luc Boentges, ass am Studio.
An dësem Kader stellt Am Fong d'Fro vum Stellewäert vun der klassescher Musek zu Lëtzebuerg. Gäscht sinn de Choul-Won Pyun, de Kontrabassist, deem säi Wee an den OPL iwwer de Katar an Däitschland geféiert huet an dee seng Passioun mam Beethoven senger 9. Symphonie entdeckt huet. An den Trompettist Adam Rixer. Hie koum vu Budapest op Lëtzebuerg.
Moderatioun: Natasha Ehrmann