Haut ass Weltwaasserdag. Dëse wëll drun erënnere wéi besonnesch d'Waasser ass, als essentielst Ressource vun all Liewen. Ob Grondwaasser, Drénkwaasser, Uewerflächegewässer, Ofwaasser oder Reewaasser, se spillen all eng Roll an eiser Natur. Och Flëss, Baachen, Séien, Mierer a Fiichtgebidder si wichteg Bestanddeeler vun der Natur, a bidden iwwerdeems e Liewensraum fir eng Abberzuel vu Planzen a Liewewiesen, a wichteg Bestanddeeler vum Naturhaushalt.
Den internationalen Dag vum Waasser gëtt zanter 1993 all Joer den 22. Mäerz gefeiert. Vun de Vereenten Natiounen initiéiert, soll de Weltdag op d'Wichtegkeet vun der Ressource Waasser opmierksam maachen, an esou d'Mënsche ronderëm d'Welt op e nohaltegen Ëmgang mam Waasser sensibiliséieren. Dofir informéiert d'UN op dësem Dag engersäits iwwer d'Problemer déi et am Zesummenhang mam Drénkwaasser ginn a weist anerersäits dorop hin, wat all eenzele maache ka fir e nohaltegen Ëmgang mam sougenannte bloe Gold ze kréien.
Waasser ass a bleift eng begrenzte Ressource, déi ëmmer rëm verschiddene Menacen ausgesat ass. Eng dovunner ass de Klimawandel, deen een Afloss op de globale Waasserkreeslaf huet, an extrem Wiederkonditiounen, wéi Iwwerschwemmungen an Dréchent verursaacht.
Hei zu Lëtzebuerg setzt natur&ëmwelt sech generell fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an. Méi genee den Erhalt an d'Opwäertung vun de Lëtzebuerger Fiichtgebidder, déi e wichteg Bestanddeel vun eisem Ökosystem sinn. Donieft ziicht d'ONG Waassermuschelen op der d'Kaalber Millen. D'Muschel erniert sech iwwer Filtratioun, dat heescht si mécht domat och d'Waasser propper. Eng erwuesse Baachmuschel ka bis zu 50 Liter Waasser an engem Dag filteren. Et ginn och ganz vill Aktivitéite gemaach fir d'Waasser ze schützen, fir dass déi Déieren net nees verschwannen.
Wisou ass de Weltwaasserdag wichteg? Wisou brauch d'Natur Waasser? A wat gëtt zu Lëtzebuerg gemaach fir dat blot Gold ze erhalen? Am Fong geet deene Froen op de Fong.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.