Am Fong
Mäi Wëllen, Mäi Wee
55 min
De Mënsch probéiert ouni Zweiwel esou gutt et geet säi Liewe selbstänneg ze bestëmmen. An e Liewen ass och iergendwann um Enn. Et ass en elementaart Recht fir e Mënsch och d'Enn vu sengem Liewen selwer ze bestëmmen, ouni datt ethesch, moralesch oder reliéis Bedenke matspillen. Wéi eng Rechter huet e Mënsch wann e virun sengem leschte Wee steet? Wéi kann een aktiv drop awierken? Wéi eng Roll spillt d'Famill oder wat kënnen Doktere maachen? Wat seet Gesetz? "Mäi Wëllen, mäi Wee" ass eng ASBL déi sech genee mat deene Froen ausenanersetzt a Mënschen hëlleft hiert Liewensenn mat ze bestëmmen. Den Invité ass de Maître Jean Jacques Schonckert, President vun der ASBL "Mäi Wëllen, Mäi Wee". Méi Informatioune op www.mwmw.lu.