Am Fong
Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht
55 min
Bannent der EU leiden eng 150 Millioune Persounen un Allergien, an den Trend klëmmt. Virun allem bei de Liewensmëttelallergien. 17 Millioune Mënsche wiere betraff, Kanner méi dacks wéi Erwuessener. An der Haaptsaach stelle Mëllech, Eeër an Nëss e Problem duer.
Eng allergesch Reaktioun ass wann den Immunsystem staark op eppes wat tatsächlech harmlos ass reagéiert. Zum Beispill op Pollen oder Nëss, déi am Prinzip keng Gefor duerstellen. Bei Allergiker triede Symptomer op, wéi Ausschlag a Bäissen, Otemschwieregkeet a souguer Bluttdrockverloscht.
Heiansdo reagéiert de Kierper op méi wéi een Allergen. De Grond sinn déi sougenannte Kräiz-Allergien. Wann de Kierper op Pollen allergesch ass, ass et gutt méiglech, datt en och op Nëss reagéiert.
Da ginn et och Mënschen déi eng Intoleranz hunn, deen Ament huet de Kierper d'Capacitéit verluer (oder nach ni gehat) eng bestëmmte Substanz ze verdauen. Obwuel hei dacks den Terme Allergie benotzt gëtt, handelt et sech net ëm richteg Allergie.
Wat ass eigentlech den Ënnerscheed? Wisou reagéiert den Immunsystem op eemol allergesch? Wéi kann een eng Liewensmëttelallergie diagnostizéieren? Wat gëtt et vu Behandlungen ?
Am Fong geet deene Froe ronderëm Liewensmëttelallergien op de Fong.
Ried an Äntwert stinn zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH, Dr Annette Kühn - PhD, Principal Investigator, Group "Molecular and Translational Allergology" an Dr Christiane Hilger - PhD, Principal Investigator, Group "Molecular and Translational Allergology".
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.