Am Fong
20. Mäerz - Weltdag vum Theater fir de jonke Public
55 min
D'Editioun 2023 steet ënnert der Iwwerschrëft: Take a child to the Theatre so they can see, hear, feel, think and imagine. Een Dag wou Theatere weisen dass hir Aarbecht Generatiounen erreecht. Den Organisateur vun der Journée ass d'ASSITEJ, Association Internationale du Theatre pour l'Enfance et la Jeunesse.
1965 ass dat internationaalt Netzwierk vun Theateren, Programmateuren a Kënschtler fir e jonke Public, gegrënnt ginn an ass an Tëschenzäit an iwwer 80 Länner aktiv. Am Fokus vun hirer Arabescht steet d'Erhalen, d'Entwécklung an d'Fërderung vun der Bünekonscht. Mam Zil, Kanner a Jonker op national an internationalem Plang ze erreechen.
Lëtzebuerg ass zanter 2008 an der ASSITEJ vertrueden, an zanter 3 Joer als Veräin organiséiert.
Fir de Weltdag ze feieren, gi sëllegen Atelieren organiséiert. Schoulklasse kënne mat lëtzebuergesche Kënschtler, Theater, Danz, Bünebild, Beweegung, Musek a Gesang entdecken. Donieft gëtt uechtert Land a verschiddene Kulturhaiser eng spezifesch Programmatioun fir Kanner a Jonker ugebueden.
Wat awer zitt jonk Leit an den Theater, wat bewierkt dass si net ginn? Wéi beweegt een déi sougenannten Digital Natives an den Theater? Wat kann a sollt ee Kanner zoumudden?
Am Fong geet deene Froen op de Fong.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.