Am Fong
Emotioune bei Kanner
54 min
![on the headlines](/legacy/images/8464/image-thumb__8464__base_thumbnail/V%C3%A9ronique%20Nilles%20an%20Nora%20Van%20Daele.2af99c39.jpg)
Gefiller si wichteg an all Emotioun huet hir Berechtegung. Trotzdeem ass et heiansdo eng grouss Erausfuerderung fir Elteren oder aner Bezuchspersoune mat den deels staarken Emotioune vu Kanner ëmzegoen. Wéi kann ee Kanner hëllefen, hir Gefiller anzeschätzen? A wéi kann een hinnen als Elterendeel begéinen, wa si emotionell reagéieren?
D'Nora Van Daele an d'Véronique Nilles vun der Eltereschoul schwätzen am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig iwwert Alldagssituatiounen awer och iwwert déi zwou ganz spannend Phasen: déi vun der Autonomie bei Kanner tëscht annerhallwem a véier Joer an der Pubertéit, der Phas an där Kanner zu Jugendlechen a jonken Erwuessenen eruwuessen.
Dacks fält et Eltere méi liicht roueg ze bleiwen an op d'Bedierfnesser vun hire Kanner anzegoen, wa si Doheem sinn. An der Ëffentlechkeet roueg ze bleiwen, fält dacks méi schwéier. Donieft spiert een d'Reaktioune vun anere Leit, ob dat elo dat absichtlecht Ewechkucken ass oder sech Kommentare mussen unzehéieren. D'Nora Van Daele an d'Véronique Nilles erklären eng Achtsamkeetsübung mat de fënnef Sënner, déi een an esou Momenter iwwerall uwenne kann:
Visuell: Ech kucke fënnef verschidde Saachen un
Lauschteren: Ech lauschteren op véier verschidde Saachen, déi ronderëm mech passéieren
Taaschten: Ech fillen /spieren dräi verschidde Saachen, z.B. meng Haut oder de Stoff vu mengem Pullover
Richen: Ech versiche Gerësch ronderëm mech wouer ze huelen
Schmaachen: Am beschte Fall kann een an eng Zitroun bäissen, dat hëlleft u soss näischt anescht méi ze denken, mee sech just nach op dat Sauert vun der Zitroun ze konzentréieren. Huet een näischt bei Hand, kann ee sech e Geschmaach virstellen, z.B. eppes Guddes, dat een an der Vakanz giess huet a woumat ee gutt Gefiller verbënnt
Donieft kann et a verschiddene Situatiounen hëllefen, aus der Situatioun erauszegoen. Gëtt d'Kand zum Beispill rosen am Supermarché, kann et hëllefen eng Kéier kuerz an den Auto ze goen an d'Gefiller an d'Emotiounen do erauszeloossen. Fir Elteren oder aner Bezuchspersounen hëlleft och d'Ootmung, laang ausootmen a bis zéng zielen.
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)