Am Fong
Marcel Barros
55 min
Energieressourcë ginn et ëmmer manner an d'Energiepräisser ginn ëmmer méi an d'Luucht. Fossil Energien wäerte mat Recht lues awer sécher verschwannen. Et ass wuel jidderengem kloer datt mer net méi onbedenklech mat Energie kënnen ëmgoen, an datt et fir eis Zukunft enorm wichteg ass, sënnvoll iwwer Energie nozedenken. Et gi vill Méiglechkeeten op alternativ Energie zeréckzegräifen, wéi zum Beispill Solarenergie. Et gesäit een ëmmer méi Haiser wou d'Sonnekollekteren op den Diecher installéiert goufen. Mä et kann een awer nach vill méi maachen, och bei sech doheem.
Energieverbrauch ass haut en Thema dee jiddereen eppes ugeet, besonnesch am Kontext vum Klimawandel. An eben och well et ville Leit ferm an de Portmonni schléit. Invité an der Emissioun Am Fong ass de Marcel Barros, Energieberoder, dee selwer ganz vill punkto Energie mécht, a praktesch Beispiller nennt a Saache Solarenergie an Energiespäicher, am Sënn vun Do it yourself.
Iwwermuer den Owend ass an der Erwuessensbildung an der Avenue Marie Thérèse an der Stad en Info-Owend iwwer Solarenergie an Energiespäicher, mam Marcel Barros. Umelle kann een sech op info@ewb.lu.