Am Fong
"De Klamm-Sport ass de Partner vun der Natur"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/8653/image-thumb__8653__base_thumbnail/Jacques%20Welter%20Max%20Klein.be4c5514.jpg)
Kloteren um Fiels zitt ëmmer méi Leit un. Zu Lëtzebuerg gëtt et just eng Plaz, wou een dobaussen um Fiels ka kloteren. D'Wanterbaach am Mëllerdall ass awer dacks iwwerlaf, zemools d'Feierdeeg, d'Weekender an an de waarme Méint. Dat erhéicht den Notzungsdrock op d'Fielsen op der Plaz, soen de Jacques Welter, Vize-President vun der Flera, der Lëtzebuerger Klammfederatioun an de Max Klein, engem passionéierte Kloterer.
Den Ament wier net envisagéiert weider Klammsitten zu Lëtzebuerg opzemaachen, obwuel dat d'Konzentratioun vun de Kloterer an der Wanterbaach géif reduzéieren. Zu Lëtzebuerg géifen et eng 20 Plaze ginn, wou ee weider Routë kéint erschléissen, ouni d'Flora oder d'Fauna op der Plaz ze stéieren, esou de Jacques Welter. "D'Klammcommunity ass am Fong de Partner vun der Ëmwelt an net een, deen ee muss eraushalen," seet de Jacques Welter.
Kloterer wieren allgemeng immens naturbewosst a géifen absolut akzeptéieren a respektéieren, wa wéinst enger Planz oder engem Déier net dierft op enger Plaz geklotert ginn. De Jacques Welter an de Max Klein géife sech wënschen, datt een zesumme mat Experten an Expertinnen sougenannt "Felsbegehunge" kéint maachen an zesumme kucken, wou nei Routë kéinten erschloss ginn. Dee gréissten Impakt op d'Natur hätten d'Kloterer op hirem Wee bei d'Klammsitten. Méi kleng Sitten uechter d'Land verdeelt, wou een och mam ëffentlechen Transport hikéim, kéint hëllefen, den Impakt ze reduzéieren.
Klammen huet awer net nëmme positiv Effekter op d'Ëmweltbewosstsinn, mee och op dat mënschlecht Wuelbefannen, soen de Jacques Welter an de Max Klein. A verschidde Fäll géif d'Klammen och therapeutesch agesat ginn. Och bei Depressioune soll d'Klammen hëllefen. "Et ass bal wéi eng Meditatioun, well wann ee klëmmt, kann een net un eppes anescht denken," seet de Jacques Welter. De Max Klein ergänzt: "Klammen ass vill Grenzen erkennen, se akzeptéieren an deelweis doriwwer erauszegoen."
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)