Am Fong
Eilen zu Lëtzebuerg
55 min
Den nächste Samschdeg invitéiert déi regional Sektioun vun Natur an Ëmwelt Ieweschte Syrdall an d'Fondatioun Hëllef fir Natur op d'Nuecht vun de Kauzen. Et geet dorëms d'Eilen an hirem natierleche Liewensraum ze erliewen a besonnesch elo wou mir op d'Fréijoer duer gi sinn d'Eilen an eise Géigenden nuets nawell zimmlech aktiv.
De Jim Schmitz vun der ASBL Natur an Ëmwelt ass Invité beim Jean Claude Majerus a si zwee wäerten iwwer d'Eilen zu Lëtzebuerg schwätzen: wéi geet et dëse faszinanten Déieren hautdesdaags iwwerhaapt, wou liewen se a wéi eng Eielenzorten hu mir zu Lëtzebuerg?