Am Fong
Paul Heber- Unicef Lëtzebuerg
55 min
Zanter elo schonn iwwert engem Joer ass de Krich an der Ukraine am gaangen. Mä bei dësem Krich, deen ganz staark d'Zivilpopulatiounen, an dat heescht konkret ganz vill Mënschen concernéiert, ass en Enn am Fong nach net esou richteg of ze gesinn. Dausende vu Mënschen sinn ewell schon en Affer vun dëse mäerderesche Krich ginn, nieft all deene Blesséierten.
An och fir d'Hëllefsorganisatiounen ass den Ukraine-Krich eng grouss Erausfuerderung, an dat net nëmmen an der Ukraine selwer mä och an den direkte Nopeschlänner. Well nieft den Mënschen déi an der Ukraine bleiwen, déi hir Heemecht net wëlle verloossen, sinn awer ganz vill Mënschen, do geet vu Millioune riets, op der Flucht. An besonnesch Kanner si jo vun deem Krich betraff, an et wëll ee sech net virstellen wéi eng Schied dës Kanner och fi de rescht vun hirem Liewen ewech droen De Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg, war elo d'lescht Woch an engem vun den direkte Nopeschlänner vun der Ukraine , nämlech Polen ënnerwee fir sech konkret Projeten fir ukrainesche Kanner an de Paul heber ass haut den Invité vum Jean Claude Majerus an der Emissioun Am Fong.