Am Fong
Inklusiv - eng Ëmfro iwwer d'Besoine fir Persoune mat Behënnerungen
54 min
Wat sinn d'Besoine vu Mënsche mat Behënnerungen?
Fir op déi Fro eng Äntwert ze fannen huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, an Zesummenaarbecht mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), am Januar eng participativ Ëmfro lancéiert. Zil vun dëser Enquête mam Numm Inklusiv ass et ze evaluéieren, wat misst en Place gesat ginn, fir datt Mënsche mat Behënnerungen hiert Liewe méi autonom gestalte kënnen. All betraffe Persoun däerf matmaachen, dat geet online, an d'Enquête ass an einfacher Sprooch verfaasst.
D'Ëmfro erméiglecht iwwerdeems statistesch Daten iwwer déi aktuell Situatioun ze erfaassen an erstellt een Inventaire vun Hëllefen a Mesuren, déi Mënsche mat spezifesche Besoinen zur Verfügung stinn. Bis Mäerz ass dës Online-Ëmfro amgaang.
Am Fong zitt en Tëschebilan vun der Ëmfro, geet op d'Besoinen an, déi Mënsche mat Behënnerung hu fir autonom ze liewen. A mir stellen d'Fro, a wéi wäit Lëtzebuerg inklusiv ass.
Invité ass de Sascha Lang, dee mat der Ministerin Corinne Cahen iwwer d'Etüd geschwat huet. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.