Am Fong
Tabu: Suicide bei Jonken - Wann d'Séil wéideet
55 min
Weltwäit huele sech all Joer iwwer 700.000 Mënschen d'Liewen. Suicide ass iwwerdeems déi véiertheefegst Doudesursaach bei Jonken tëschent 15 a 29 Joer. D'Famillen an den Entourage bleiwe mat Scholdgefiller zeréck a stelle sech vill Froen iwwer d'Grënn a wéi den Akt hätt kënne verhënnert ginn.
Dem Statec no hunn zu Lëtzebuerg 2019 78 Mënschen hirem Liewe fräiwëlleg en Enn gesat, méi aktuell Zuele ginn et net. Dat seet schonn eppes iwwer den Tabu ronderëm de Sujet aus.
D'Ursaache fir Suicide bei jonke Persoune si villfälteg. D'Sozialisatioun mat aneren am selwechten Alter, seng Plaz am Grupp fannen ass mam Risk vuM Zeréckweise verbonnen. Awer och Problemer an der Famill, an der Schoul, Leeschtungsdrock a Mobbing kënnen eng Roll spillen, grad wéi Depressiounen oder aner Stéierungen. De Suicide ass d'Resultat vu komplexen Interaktiounen tëschent Risiko- an Protektiouns-Facteuren.
Awer ass all Suicide ze evitéieren, et existéieren d'Handlungsméiglechkeeten, déi d'Suicide-Unzuel signifikant reduzéieren. D'Preventioun ass ee vun den Haaptpiliere bei der Ënnerstëtzung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet.
D'Regierung gesäit am Kader vun de Folge-Aktiounen vum Suicide-Preventiounsplang 2015-2019 vir, d'Preventioun ze verbesseren andeems den Zougang zu de Jugend-psychiatresche souwéi psycho-soziale Servicer vereinfacht gëtt. Hei sinn déi Professionell aus der gesamter Schoul-Communautéit viséiert. Aktuell bestinn eng ganz Rëtsch Projeten a Prozeduren, déi geziilt agesat ginn, fir déi Jonk a Gefor ze erreechen. De Wee dohinner féiert awer och iwwer de Broch vum Tabu ronderëm dem Suicide.
Wat bewierkt, datt eng jonk Persoun méi vulnerabel ass eng Tentative de Suicide ze maache wéi eng aner? Wisou si Jonker ufälleg? Wat si Virzeechen? Wéi kann een doriwwer schwätzen? Wat ass en Place, a wat feelt?
Am Fong geet deene Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat de Psychologe Fränz d'Onghia vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale a Jean-Marc Wagner vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires CePAS.
Wien Informatioune sicht oder mengt direkt Hëllef ze brauchen, ka sech hei mellen:
Prevention suicide; Kanner a Jugend Telefon; SOS Détresse