Am Fong
Seismologie: Wann d'Äerd ziddert
55 min
D'Äerdbiewen an der Tierkei huet och hei am Land de Buedem vibréiere gedoen. Awer esou, datt kee Mënsch dat matkritt huet. Ausser Experten, Geophysiker, déi zu Walfer schaffen ... 80m ënner dem Buedem an enger Gipsgrouf, déi iwwer een 800 m laangen Tunnel accessibel ass. Do ass de Laboratoire fir Geodynamik verstoppt, fir héich prezis geophysesch Moossungen ze maachen. De Labo ass Deel vum Europäesche Zenter fir Geodynamik a Seismologie, (ECGS).
Wat ass den ECGS, a wat gëtt do erfuerscht? Wéi gi Biewe gemooss? Wisou huet Lëtzebuerg Moossstatiounen? Besteet eng Probabilitéit, datt och hei zu Lëtzebuerg een Äerdbiewe passéiert? Am Fong geet deene Froen op de Fong.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Adrien Oth, Geophysiker, Fuerscher a wëssenschaftlechen Direkter vum Europäeschen Zenter fir Geodynamik a Seismologie (ECGS).