Am Fong
Emergency.lu - Technologie am Asaz fir humanitär Hëllef
56 min
No den Äerdbiewen a Syrien an an der Tierkei klëmmt de Bilan vun den Affer weider. International Rettungsekippe sinn ënnerwee an d'Katastropheregioun. Virgëschter ass och ee Member vum Lëtzebuerger humanitären Interventiounsteam vum CGDIS mat enger mobiller Satellittenantenn vun emergency.lu an d'Krisegebitt gestart.
Emergency.lu ass eng Kommunikatiounsplattform, déi am Kader vun der internationaler Katastrophenhëllef agesat gëtt. Eng mobil, Satellitte-baséiert Telee-Kommunikatiounsplattform. Déi bannent 12 Stonnen kann deployéiert ginn. D'Zil vum Instrument ass et, d'Kommunikatioun a Krisegebidder opzebauen an hierzestellen, fir datt humanitär Hëllef sech ka koordinéieren. Emergency.lu gouf nom Äerdbiewen op Haiti entwéckelt, an huet zanterhier schonn iwwer 50 Asätz weltwäit opweises.
Wéi ass de Projet entstanen? Wéi gëtt um Terrain domadder geschafft? Wat huet emergency.lu alles bewierkt? A wat bedeit dat fir Lëtzebuerg?
D'Natasha Ehrmann geet deene Froen op de Fong mam Invité Max Lamesch, dem Direkter adjoint am Kooperatiounsministère.