Am Fong
Fürerschäin - Theorie a Praxis
54 min
Den Autosfürerschäin ass hautdesdaags e Muss, ob privat oder am Beruff. Och wann eng grouss Offer un ëffentlecher Mobilitéit besteet bleift den Auto fir vill Persounen onëmgänglech. Wa fréier eng Famill nëmmen een Auto pro Stot hat, ass et haut net onüblech, datt pro Famill e puer Autoen zum Farpark gehéieren. Niewent dem prakteschen Aspekt steet de Fürerschäin symbolesch fir e Schrëtt an d'Fräiheet.
All d'Autofuerer hu gemeinsam, datt si de Führerschäin gemaach a gepackt hunn. 16 obligatoresch Farstonne muss een hei zu Lëtzebuerg absolvéieren, wat net ganz vill ass par Rapport zu eisen Nopeschlänner. Zum Beispill sinn et an Holland an Däitschland 24 Stonnen. A Frankräich awer 20, an der Belsch muss ee fir direkt de Fürerschäin ze kréie ganzer 30 Stonne maachen.
Zu Lëtzebuerg gëtt et deen erschreckende Constat, datt all zweete Schüler an der praktescher Prüfung duerchfält. De prakteschen Examen ass definitiv keng einfach Situatioun fir de Schüler, an d'Nervositéit dréit net dozou bäi, datt ee besser fiert. Dat ass sécher ee vun de Grënn, wisou esouvill Farschüler am Examen duerchfalen. Mee wéi eng Grënn ginn et nach? Feelt et u Stonne fir ze üben? Änneren d'Konditiounen op der Strooss ze séier? Wat seet d'Farschoulfederatioun dozou?
Zesumme mat der Fédération des maîtres Instructeurs de conducteurs de véhicules automobiles (FMI) geet den Am Fong deene Froen op de Fong.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich Sam Hau a Fernand Mayer.