An Zäite vun deierer Energie gräifen ëmmer méi Leit op natierlecht Bauen an Dämmen ëm, alternativ Baustoffer leie ganz am Trend, als Solutioune fir nohalteg a gesond liewen, iwwerdeems se och viru Wäermt a Keelt schützen.
Wat awer sinn Naturbaustoffer? Wat kann als natierleche Baustoff benotzt ginn? Wéi baut ee mat Leem a Stréi? Wat heescht et passiv ze bauen?
De Marc Neu, dee laang Zäit Energieberoder war, huet eng Passioun fir alternativ Baustoffer entwéckelt, haut beréit hie Persounen zum Theema a baut mat Naturbaustoffer.
De 7. Dezember 2022 war hien Invité beim Natasha Ehrmann. Dir héiert eng Rediffusioun vun deem Gespréich.