Am Fong
Iessstéierungen - Wann Iessen eng Obsessioun ass déi quäält
57 min
Anorexie, Boulimie an Iesssucht sinn dräi Iessstéierungen. Dobäi hu betraffe Persounen een ënnerlechen Drang, dat wat si als Iessen ophuelen, wëllen ze kontrolléieren.
Déi heefegst Iessstéierunge sinn Magersucht, Iesssucht a Binge-eating. Am Laf vun enger Krankheet ginn et awer Mëschformen an heefeg e Wiessel tëschent den ënnerschiddleche Stéierungen. Fir déi meescht Persounen ass et eng Selbstverständlechkeet dräi equilibréiert Molzechten den Dag zou sech ze huelen. Fir Mënsche mat enger Iessstéierung spillt d'Ophuele vun deem, wat giess gëtt, eng zentral an obsessiv Roll. Eng Iessstéierung ass eng Krankheet, déi schwéier Suitte mat sech bréngt an zum Doud féiere kann. Mee wann erkannt, ka se behandelt ginn. Och wann e gewëssen Tabu ronderëm dem Sujet schwieft.
Wisou ass dat esou? Wat versteet ee genee ënner enger Iessstéierung? Wéi erkennt een Symptomer? Wat sinn Ursaachen? Wat bedeit dat fir eng betraffe Persoun, mee och fir hiert Ëmfeld? Wéi steet et ëm d'Preventioun.
Dëse Froen geet d'Emissioun Am Fong op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat den Invitéeë Claudia de Boer, Psychotherapeutin, an Nora Schleich, déi selwer vun Anorexie betraff war.
D'Erwuessebildung organiséiert ee Gespréichskrees haut den Owend (18.1.) an eng Table Ronde zum Theema den 2.02. Informatiounen fannt Dir hei.