Am Fong
Liewe mat Problemer mam Gehéier
55 min
Héieren ass ee vun eise Sënner, ouni dee mir et sécher méi schwiereg hunn an eisem Alldag eens ze ginn. Héieren ass awer och wichteg fir schéin Amenter ze erliewen, mat Musek, oder Geschichten nozelauschteren. Mee ganz vill Mënschen hunn awer Problemer mat hirem Gehéier, an d'WHO, d'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt ëm déi 1,6 Milliarde Mënsche weltwäit an hirem Héiere limitéiert sinn.
Invitée bei Jean Claude Majerus ass d'Sabrina Collé, Chargée de Direction vun der ASBL Hörgeschädigten Beratung.