Am Fong
Ee Joer am Lëtzebuerger Online Dictionnaire - lod.lu
55 min
D'Lëtzebuergescht spillt an eiser villsproocheger Gesellschaft eng wichteg Roll an den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch wiisst zanter Jore konstant.
All Dag benotzen Dausende vu Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch; am leschte Joer sinn iwwer néng Milliounen Artikelen opgeruff ginn. Et ass iwwerdeems och eng nei Versioun erauskomm, an eng App, déi Dank dem konstruktive Feedback vun den LOD-User entwéckelt gouf.
Den LOD wëllt d'Lëtzebuerger Sprooch fërderen, a säi Succès spigelt den Interessi fir Sprooch zeréck.
Wat awer bewierkt den Erfolleg vum LOD?
Wéi ass den Online Dictionnaire opgestallt? Wat sinn déi meescht gesichte Wierder am Joer 2022? Wat feelt nach? Wéi gëtt den Dictionnaire gefiddert? Elauter Froen, deenen Am Fong op de Fong geet.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).