Am Fong
Stroum a Gas
56 min
Leschte Weekend war am Norde vum Land eng Stroumpann. Am längsten huet se zu Wëntger an zu Wolz gedauert, iwwer zwou Stonnen. Op deenen anere Plazen huet d'Pann eng hallef Stonn gedauert.
D'Ursaach louch bei engem Defekt un engem Mëttelspannungskabel. Dat huet d'Creos matgedeelt, de Bedreiwer vum Stroumnetz an de Gasleitungen zu Lëtzebuerg.
Wéi heefeg kommen esou Panne vir? Wéi entsti se? Wéi schlëmm ass dat? Wat ass eigentlech ee Blackout? A wat bedeit dëst fir d'Creos a Punkto Aarbecht a Maintenance?
Dëse Froen geet am Fong op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Marc Meyer, Head of Asset Service, an Alex Michels, Head of Asset Management, allebéid vu Creos.