Am Fong
Centre Formida
55 min
De Centre Formida versteet sech als Bildungsuert, wou Jonker mat prekäre Bildungsbiographië sech stabiliséieren a weiderentwéckele kënnen. De Kär vun der Aarbecht läit am Sënn vun der Nohaltegkeet a beim Sammelen, Verschaffen an Gebrauche vu Reschtmaterialien, déi aus der Industrie kommen, fir hinnen iwwer verschidde Projeten en neit Liewen ze schenken.
Zesumme mat Partner leescht de Centre Formida e Bäitrag zur nohalteger Entwécklung vun eiser Gesellschaft fir den Opbau vun der Kreeslafwirtschaft ze ënnerstëtzen.
Wat genee bréngt de Centre Formida Jonken? Wéi gëtt déi pedagogesch Aarbecht mam Handwierk kombinéiert a wéi gi Sozialkompetenze gefuerdert? Wat droen déi Jugendlech, déi an den Ateliere schaffen, mat ewech?
Am Fong geet deene Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat der Viviane Hansen, Chargée de direction vum Centre Formida - Arcus ASBL, a Begleedung vum Laura, Theo a Sven.