arrow_back_ios
Am Fong
Vum Mann zum Papp
headphones
55 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass e grousse Moment am Liewe vun engem Mann: Dee Moment wou e Papp gëtt. Dee Moment verännert sech d'Liewen op ee Schlag. A si mir éierlech: Déi meescht vun eis sinn net drop virbereet. Kann een dat iwwerhaapt? A wat ass iwwerhaapt d'Roll vum Papp am Joer 2023? Ëm déi grouss Fro, mat där net just eis Männer all Dag confrontéiert sinn, dréint sech haut alles. Den Yves Stephany am Gespréich mam Psycholog Jean Fischbach.