Am Fong
Gutt Virsätz: Neistart oder Selbsttäuschung?
55 min
Wouhier kënnt de Brauch sech am neie Joer gutt Virsätz ze huelen? D'Äntwerten op dës Fro ginn auseneen.
Schonn am réimesche Räich ass ufanks des Joers de Gott Janus geéiert ginn. Munch Experte sinn der Meenung, datt de Brauch schonn am ale Babylon säin Ursprong huet. Viru 4.000 Joer war et net onüblech wärend dem Neijoerschfest de Gëtter ze versprieche seng Scholden zeréckzebezuelen.
Haut schreiwe mir den 9. Januar ... dat neit Joer ass ganz jonk. Vläicht ass elo alles aneschters fir Iech, well Dir Iech gutt Virsätz geholl hutt? Oder Dir hutt se schonn iwwer Bord geheit?
Wat sinn eigentlech gutt Virsätz? Wisou brauch de Mënsch esou eng Zilsetzung? Wat geschitt um psychologesche Plang, wann ee sech der virhëlt oder se net anhält?
D'Natasha Ehrmann geet deene Froen mam Psycholog Sacha Bachim op de Fong.