Am Fong
CGDIS sicht Fräiwëlleger fir de Groupe de Sauvetage Aquatique
56 min
De GSAQ (Groupe de sauvetage aquatique) gëtt ëmmer da geruff, wann et zu Pompjeesasätz am Waasser kënnt, fir Mënschen ze retten oder fir Objeten ze biergen.
Wie sech wuel am Waasser spiert a Loscht huet, sech bei de fräiwëllege Pompjeeën ze engagéieren, kann dat elo maachen. Als Kandidat a Fro kommen aktiv Membere vum GGDIS, et muss een op d'mannst 18 Joer al sinn a schwamme kënnen. D'Formatioun zitt sech iwwer een Zäitraum vun zwee Joer a fänkt de 15. Mee un.
Éier een drun deelhuele kann, muss ee bei enger Selektiounsprozedur matmaachen. Nieft engem perséinleche Gespréich de 14. Januar 2023 ass och e Schwamm-Test gefrot.
An der Emissioun gi mir den Detailer op de Fong a schwätzen och iwwer déi generell Aarbecht vum CGDIS. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.