Am Fong
Erkältung, Gripp, Covid an RS
56 min
Vläicht hutt Dir och grad mat Houscht, Schnapp, oder Halswéi ze kämpfen ... aktuell schénge vill Persoune krank ze sinn. Donieft ass d'Zuel vu Bronchiolitten dëst Joer héich.
Dem aktuellen LNS-Rapport no sinn och d'Rhino-Vire ënnerwee (Positivitéitstaux 19 %), grad wéi d'Gripp (12,2 %) an de Covid (6,2 %).
Fakt ass, datt eisen Immunsystem duerch d'Masken an d'Geste-barrièren an de leschten zwee an hallef Joer net wierklech trainéiert gouf. Heescht dat, datt en ofgeschwächt ass? Wisou hunn esouvill Persounen den Ament Otemwee-Entzündungen? Wéi ënnerscheeden ech eng viral Infektioun vun enger bakterieller? Hunn ech Covid oder d'Gripp?
Deene Froe geet d'Natasha Ehrmann op de Fong mam Generalist Dr. Jean-Marc Weber.