Am Fong
Podcast: Schlechte Schüler
56 min
Et ass Freideg - an Am Fong ass Podcast-Dag mat enger neier Episod vum "Schlechte Schüler". Eis Podcast-Serie geet der Fro no, wéi eescht mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem huelen. "Am Speckgürtel" heescht déi fënneft Episod, an där mir d'Fro stellen, ob d'Schoul an de méi aiséierte Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg ka bleiwen, wéi se ass.
Am Uschloss un d'Episod schwätzt d'Natasha Ehrmann mat zwee Gäscht iwwer d'Inegalitéiten an eisem Schoulsystem: Am Studio sinn d'100,7-Journalistin Pia Oppel, dat de Podcast mat realiséiert huet, an den Alain Massen, President vun der Nationaler Elterevertriedung.
D'Podcast-Serie "Schlechte Schüler" huet am Ganze sechs Deeler, déi alleguer hei ze fanne sinn.