Am Fong
Journée nationale Patient-Partenaire
Haut, 8.12., ass déi éischt Journée nationale vum Patient-Partenaire. Vun der Spidolsfederatioun initiéiert, wëllt dës de Modell vum Patient-Partenaire bekannt maachen. D'Konzept besteet scho méi laang, mee de Sujet soll méi breet diskutéiert ginn, an domadder soll e Bewosstsinn fir de Sujet entstoen.
Et geet drëms de Patient als Expert an déi medezinesch Decisiounen anzebannen. D'Traitementer sollen net vum Dokter vun uewen erof decidéiert ginn, mee Patient an Dokter sollen Hand an Hand schaffen. Als Partner soll de Patient besser iwwer seng Krankheet informéiert ginn, iwwerdeems alleguerten déi Professionell aus dem Secteur méi iwwer säin Zoustand gewuer ginn. De Modell versprécht och Käschten an Zäit ze spueren.
Elo geet et drëms, datt d'Konzept verstanen an applizéiert gëtt. Engersäits, datt méi e breet Bewosstsinn entsteet, anerersäits fir ze weisen, wéi d'Konzept de ganze System verbessere kann.
Eng Stonn diskutéiert d'Natasha Ehrmann mat villen Acteuren iwwer de Modell a seng Ëmsetzung.
Am Studio sinn:
Paulette Lenert - Gesondheetsministesch
Stephanie Obertin - Presidentin vum Cercle des Médecins Généralistes
Chantal Keller - Patientin a Presidentin, Blëtz ASBL
Anne Weydert - Patientin
Catherine Atlan - Médecin directeur pôle Médecine interne et maladies systémiques, CHL
Monqiue Isebaert - Amicale des patients, l'INCCI
Georges Clees - Chargé de communication, Patientevertriedung