Am Fong
Naturbaustoffer
56 min
Bauen an Dämme mat Stréi oder Leem ... an Zäite vun deierer Energie gräifen ëmmer méi Leit zu natierlechem Bauen an Dämmen.
Wat awer sinn Naturbaustoffer? Wat kann als natierleche Baustoff benotzt ginn? Wat bewierke Leem a Stréi?
Alternativ Baustoffer, natierlecht Bauen an Dämme si Solutiounen, wann ee wëllt nohalteg a gesond liewen a sech iwwerdeems viru Wäermt a Keelt schützen. Dovunner ass de Marc Neu scho laang iwwerzeegt. Dee fréieren Energieberoder baut haut Haiser aus Leem a Stréi a weess genee, wat als natierleche Bau- an Dämmstoff ka genotzt ginn. Mam Expert gëtt et Am Fong Äntwerten. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.