Am Fong
Wéi verbréngt een harmonesch Feierdeeg?
56 min
Déi meescht vun eis kommen elo esou lues an d'Chrëschtdagspreparatiounen, oder si scho matzen dran am Chrëschtdagstress. Dës Zäit ass geluede mat der Virfreed, jiddereen erëm ze gesinn an zesummen op engem Dësch eppes z'iessen. Dës Zäit ass awer och mat Erwaardunge gelueden - déi dacks Enttäuschunge mat sech bréngen. D'Emotioune leie blank an de Sträit bleift net aus.
Wéi verbréngt een harmonesch Feierdeeg? Wéi preparéieren ech mech mental dorop vir? Wéi setzen ech meng Erwaardungshaltung erof?
D'Emissioun Am Fong geet dëse Froen op de Fong.