Am Fong
Paul Heber-Unicef Lëtzebuerg
54 min
De 20. November war de Weltkannerdag, dësen Datum gouf gewielt well op dem Dag, 1989 d'UNO d'Konventioun vun de Kannerrechter ënnerschriwwen huet, also scho virun iwwer 30 Joer. Ronderëm de Weltkannerdag ginn Organisatiounen déi sech ëm d'Wuel vun de Kanner a Jugendleche bekëmmeren nach méi aktiv, wéi se souwisou scho sinn. Eng weltwäit aktiv Organisatioun ass d'UNICEF. De Paul Heber, Responsabele vun der Kommunikatioun vun UNICEF Lëtzebuerg ass onsen Invité. Et geet drëms un d'Kanner a Jugendlecher ze denken, well bei deene meeschte Krisen a Katastrophen déi mer op der Welt hunn, kënnen d'Kanner am mannsten dofir, mee leiden awer am meeschtens drënner. Et brauch een aktuell just un den Ukrain-Krich ze denken, et gëtt elo Wanter an d'Energieversuergung vum Land ass méi wéi prekär.