Am Fong
Ukrain Krich
54 min
Virun 8 Méint, de 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, vill Länner wëlle méi Sue fir d'Defense ausginn. Konsequenze vum Krich sinn, dass Millioune vu Leit geflücht sinn, dass bannent der EU d'Populatioun sech solidaresch mobiliséiert huet. Um wirtschaftleche Plang huet de Krich d'Energiepräisser an d'Luucht gedriwwen an d'EU sicht d'Onofhängegkeet vum russesche Gas.
D'Emissioun Am Fong geet folgende Froen op de Fong:
Huet déi russesch Invasioun een Ukraineschen Onofhängegkeetskrich ausgeléist? Wien huet eigentlech de Krich ausgeléist? A wisou schwätzt de Wladimir Putin permanent vun "Entnazifizéierung"?