Am Fong
Lipoedem: eng éischter onbekannten a gäre verkannte Krankheet
55 min
Et gi Krankheeten oder Problemer, bei deenen engem direkt Hëllef ugebuede gëtt an een och e gutt Wuert kritt. Lipoedem ass eng Krankheet, déi an der Haaptsaach Frae concertéiert, eelef Prozent de Statistiken no, an déi eben net ëmmer op dat Matgefill vun anere Mënsche stéisst an déi mat vill Klischeeën a Virurteeler ze dinn huet.
Zu Lëtzebuerg gouf 2016 fir d'éischt e Facebook-Grupp gegrënnt a ganz séier gouf dorausser eng ASBL: Lipodem Lëtzebuerg, fir all deene concernéierte Fraen a Mënschen eng Stäip ze sinn an hinne bei de kierperlechen an och séilesche Contrainten ze hëllefen. D'ASBL gouf gegrënnt an enger Zäit, an där kaum iwwer de Lipoedem geschwat gouf, an dës Krankheet och nach net vun der Sécurité sociale unerkannt gouf.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.