Am Fong
75 Joer UNESCO Lëtzebuerg
55 min
Deeler vun der Festung, der Péitruss oder vum Parc gehéieren zum Patrimoine Mondial vun der UNESCO. D'Haupeschbléiser an d'Sprangprëssessioun gehéieren zum immateriellen UNESCO-Kulturierwen. Neierdéngs dréit den Natur- a Geopark Mëllerdall de Label Global Geopark vun der UNESCO, an déi eelef Pro-Sud Gemengen de Label Biosphère réserve.
Wat bedeit dat konkret fir Lëtzebuerg? Wéi profitéiert Lëtzebuerg dovunner? Wat sinn eigentlech déi spektakuläersten UNESCO Sitten?
Am Fong geet deene Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann ass am Gespréich mat der Simone Beck, Presidentin vun der UNESCO Lëtzebuerg.